Formation · Inklusion auf dem Arbeitsplatz
LGBTIQ+ Inklusioun op der Aarbechtsplaz
Cette description n'est actuellement disponible qu'en Luxembourgeois.
Description
Mir verbréngen de gréissten Deel vun eisem Erwuesseneliewen op der Aarbecht. Fir awer eise volle Potenzial areechen ze kënnen, sinn e puer Grondbedéngungen néideg. Jiddereen_t huet d'Recht, seng Aarbechtsstonnen ouni Angscht an Diskriminatioun ze verbréngen an sech wuel an akzeptéiert ze fillen. Dës Formatioun hëlleft Iech, e séchert an agreabelt Aarbechtsëmfeld fir jiddereen_t ze schafen. Vu Coming-out Situatiounen a respektvoll Sprooch betreffen, bis hin zum Bekämpfe vun (onbewosste) Virurteeler an Diskriminéierung – zesummen entwéckele mir Strategien fir de respektvollen Ëmgang mat LGBTIQ+ Themen. Duerch oppen Diskussiounen an engem urteelsfräie Kader bidde mir Gedankenustéiss a konkret Moossname, fir d'Inklusioun vun LGBTIQ+ Persounen an Ärer Organisatioun ze fërderen.
Inhalt
- Wat sinn Diversitéit an Inklusioun (net)?
- Diskriminéierung erkennen: Rechtlech Lag an Entschiedegung
- Unconscious Bias: Den Afloss vu Geschlechterstereotyppen op Recruiting, Talentfërderung a Leedung
- Aktivitéit: Direkt, mëttelfristeg a strukturell Strategien ausschaffen
Objectifs pédagogiques
- D'Haaptbedierfnesser an Erausfuerderunge verstoen, mat deenen LGBTIQ+ Leit op der Aarbechtsplaz konfrontéiert sinn
- Léieren Diskriminéierung a Virurteeler ze erkennen an ze bekämpfen
- Strategien entwéckele fir d'Inklusioun vun LGBTIQ+ Persounen op ze fërderen
Prérequis
/
Public cible
All Persounen, déi hiert Wëssen an hier Kompetenzen am Beräich LGBTIQ+ Inklusioun am berufflechen Ëmfeld ausbaue wëllen.
Possibilités de réservation
Dates de cette formation
Aucune date n'est actuellement programmée.